👨🍳 Kachconcours 2026
|
Sidd dir prett fir d'Challenge? 🔥 Kreativitéit, Teamwork, Timing an natierlech richteg gudde Goût – beim KACHCONCOURS 2026 kënnt et op alles un! Dir tried zu 2 oder 3 Leit als Ekipp un a weist, wat dir an der Kichen drop hutt. Dobäi musst dir keng Profikäch sinn. Gutt Iddien, Loscht um Kachen an Teamgeescht sinn dat, wat zielt. An um Enn entscheet eis Jury, wéi eng Ekipp si kulinaresch am meeschten iwwerzeege konnt. 🏆 ⏱️ Ären Dag 14.00 – 14.30 Accueil vun den Ekippen 14.30 Begréissung, Erklärung vun de Reegelen a Verdeelung an d'Kichen 15.00 🔥 START VUM KACH CONCOURS 19.00 Zerwéiere vun der Entrée 19.30 Zerwéiere vum Haaptplat 20.30 Zerwéiere vum Dessert 20.45 🏆 Präisiwwerreechung 21.00 Enn vum KACH CONCOURS 🍽️ 3 Gäng – 3 Challenges Och dëst Joer gëtt nees en 3-Gänge-Menü preparéiert. A wéi all Joer bleiwe mir eiser Traditioun trei: Een Deel vum Menü gëtt Iech duerch e Rezept virginn, dat dir esou gutt wéi méiglech nokache musst. Bei engem aneren Deel ass dann är eege Kreativitéit gefrot. Do kënnt dir Iech schonn doheem Gedanke maachen, experimentéieren, ausprobéieren an ären eegene Plat entwéckelen. 💡👨🍳 Wat genee gekacht gëtt a wéi déi eenzel Challenges ausgesinn, verrode mir Iech méi spéit. 😉 🏆 Wat bewäert eis Jury?E gudde Plat ass méi wéi just e gudde Goût. Eis Jury kuckt dofir op verschidde Saachen: ⏱️ Timing Äre Plat muss pünktlech bei der Jury ukommen. Net ze fréi, soss ass e vläicht schonn kal – awer natierlech och net ze spéit. 💡 Kreativitéit Wat hutt dir aus den Ingredientë gemaach? Hutt dir eng originell Iddi? Hutt dir Iech eppes Besonnesches afale gelooss? 🍽️ Presentatioun D'A iesst mat! Ass äre Plat flott ugeriicht? Gesäit en appetitlech aus a mécht direkt Loscht, en ze probéieren? 😋 Goût Natierlech ee vun de wichtegste Punkten: Schmaacht et? Ass alles gutt ofgeschmaacht, net ze vill oder ze wéineg gewierzt a passen déi verschidde Goûten zesummen? 👨🍳 Aarbecht an der Kichen & Teamwork Och wärend dem Kache gëtt gekuckt: Schafft dir propper an organiséiert? Hutt dir är Aarbechtsfläch am Grëff? A virun allem: Funktionéiert dir als Ekipp? 🔪 Wat musst dir matbréngen?All Ekipp bréngt hir eege Messere mat, fir an der Kichen ze schaffen. ⚠️ Dir kommt mam ëffentlechen Transport? Da kontaktéiert eis w.e.g. am Viraus. Mir wëllen natierlech vermeiden, dass et beim Transport vun de Messeren zu problematesche Situatioune kënnt. Fir de Rescht këmmere mir eis: E Schiertech an eng Toque kritt dir den Dag vum Concours vun eis. 👨🍳 🔥 Elo feelt just nach är Ekipp!2–3 Leit. Eng Kichen. Dräi Gäng. An eng Jury, déi iwwerzeegt wëll ginn. Sidd kreativ, probéiert eppes aus, weist wat dir als Ekipp drop hutt an – virun allem – huet Spaass beim Kachen! Mir freeën eis op Iech beim KACHCONCOURS 2026! 🍴🏆 |
👨🍳 MELL DECH HEI UN |
KACHCONCOURS 2026
|
Eise Kachconcours start an säi 29. Joer.
Verbréng e flotten Dag an enger professionneller Kichen an dat mat enger professionneller Begleedung vun eise Käch. Weis wats du kanns a verbréng einfach e flotten Dag mat denge Frënn a Kolleegen a beschter Gesellschaft. Déng Ekipp besteet aus minimum 2 a maximum 3 Leit. D'Participatioun ass wéi all Joer gratis. |
|